De Stoffpuupes - Berodung, Locatioun, Shopping

Wëllkomm op dem Internetsite vun “De Stoffpuupes”. Hei dréint sech alles em d’Wéckele mat Stoffwëndelen an een nohaltegt Liewen
– 
Stoffwëndelen - aus Léift zum Kand an zur Ëmwelt

News

Dir kënnt ab elo bei mir och d'Produkter vun Green Fox kafen.


Stoffwëndelen - Modern a Nohalteg

 

Wisou sollen Elteren sech iwwerhaapt fir d’Stoffwëndelen entscheeden?

 

Kucke mer do als éischt eemol op d’Wegwerfwëndelen: 

Ee Kand gëtt am Duerchschnëtt 3 Joer laang gewéckelt, dat sinn eng 5000-6000 Wëndelen, also ongeféier 1-1,5 Tonne Knascht pro Kand. D’Käschte belafen sech do op +-1500€.

D’Haut vum Puppelchen ass 3-5x méi dënn wei d’Haut vun engem Erwuessenen. Duerch déi vill verschidde chemesch Produkter an de Wëndelen, speziell de Superabsorber, dreschent d'Haut aus an et kënnt vill méi oft zu Windeldermatitis, Pilzen a co.

Och an der Verbrennungsanlag kënne Wegwerfwëndelen duerch de Superabsorber net komplett zerstéiert ginn. Ongeféier 2,5% bleiwen als gëftege Sondermüll zeréck a mussen a Salzbiergwierker gelagert ginn.


Frot iech och selwer eemol wat méi agreabel ass - 3 Joer laang all dag Plastikshändschen unzedoen oder Stoffhändschen?

An elo dann zu de Stoffwëndelen:

Ween sech fir Stoffwëndelen entscheet huet eng grouss Auswiel, wéi a mat wat en säi Kand wëll wéckelen. 

Bausse besti Stoffwëndelen entweder aus PUL (Poyurethanlaminat) oder Woll. Bei de Materialie bannen an der Wëndel huet een d’Auswiel tëscht Woll, Kotteng, Hanf, Bambusviskos  a Seid. Woll a Seid sinn z.B. fir Kanner mat Hautallergien eng gutt Léisung. Zougemaach ginn d’Stoffys mat Klett oder Snaps.

Stoffwëndele kënne fir méi Kanner genotzt an och Second-Hand nees verkaaft ginn, se wuesse mat dem Kand mat an et huet een ëmmer Wëndelen am Haus. 

Den Uschafungspräis fir Stoffwëndele läit dobäi tëscht 250€ a 600€ (jee no System a Material). 

Gewäsch gi Stoffwëndelen einfach a bequem all 2-3 Deeg an der Wäschmaschinn bei 30-60 Grad. Alles wat komplett aus Kotteng ass kann och mat 95 Grad gewäsch ginn an duerf och an den Trockner. Woll a PUL mussen un der Loft dréchnen. 

 

Modern Stoffwëndele gëtt et a verschiddene Systemer a Gréissten. 

Punkto Gréisste ginn et d’Wëndelen am Onesize, (laut Hiersteller vun 3,5kg bis 15kg), a Wëndelen a verschiddene Gréissten (z.B. Newborn - 1 - 2, oder S - M - L). Hei huet sou zimmlech all Hiersteller seng eegen Aart a Weis fir d’Gréissten ze kennzeechen, änlech wei bei de Kleeder…