Ween ech sin...

Mäin Numm ass Jill, ech si geléiert Educatrice diplômée an Naturpädagogin. Ech schaffe säit 2007 mat Kanner am Alter vun 3 Méint bis 12 Joer, an de Beräich vun den ENS ass dee wou mech am meeschten usprécht. Säit 2016 sinn ech an enger Bëschcrèche ugestallt.

2018 si mir fir d’éischte Kéier Eltere ginn an et war kloer dass mir mat moderne Stoffwëndele géife wéckelen. Zum Gléck si mir direkt gutt eens gi mat de “Stoffys”, mee ech hätt mer awer een Uspriechpartner hei zu Lëtzebuerg gewënscht deen sech an deem Beräich auskennt an och mol Hëllefsstellung hätt kënne gi bei z.B. Wollüberhosen a co. 
Fir mech war et ëmmer kloer dass ech ee Maximum vu menger Zäit mat mengen eegene Kanner wëll verbréngen an ech sinn dunn no menger Elterenzäit och net méi voll schaffe gaangen. 
 
Wei ech nees zeréck an d’Beruffsliewe koum war ech schockéiert wéi vill Kanner mat Wegwerfwëndele gewéckelt ginn. Fir mech waren a sinn d’Stoffwëndelen Normalitéit. 
Lues a lues koum dunn d’Idee fir selwer Beroderin fir nei Stoffwëndel-Elteren ze ginn an Ufank 2020 hunn ech d’Ausbildung bei de “Stoffwindelexperten” a bei der "Stoffwindelakademie" gemaach.
Des Ausbildungen notzen ech net nëmme fir privat Berodungen a Workshops, mee och op der Aarbecht am Kader vun eisem Projet “Nohalteg vun Ufank un”. 
Et sollt awer net eleng beim Stoffwëndelberoder bleiwen... quasi Zäitgläich hunn ech iwwer Onlinecours och nach de Wëndelfräiberoder gemaach bei Windelfrei Frankfurt an Beroder fir Modern Monatshygiène bei MeineMens. Am Beräich vun der Monatshygiène sinn ech zu Lëtzebuerg mat dat Eischt wat eng Ausbildung gemaach huet.
 
E weidere wichtege Punkt ass fir mech d’Thema Nohaltegkeet – wei kann ech Ressourcë schounen a méi wei eemol notzen?  
Mir hunn virun 2 Joer ugefaangen eis Gedanken iwwert den Offall an eisem Haushalt ze maachen a wei een dee reduzéiere kann. Et war eis wichteg net nëmmen den Offall mee och de Plastik an eisem Haus ob ee Minimum ze beschränken. Mëttlerweil ass souwuel eist Buedzëmmer ewéi och d’Kiche plastikfräi. Bei de Puppelcher bzw. Kannerspillsaachen hunn mer Plastik vun Ufank un evitéiert.


Presse

Artikel op Madi.lu vum 18.11.2020


Merci Madi.lu fir deen flotten Artikel iwer Stoffwëndelen dee mat vill Léift an Härz geschriwen gouff.
Um Site vun Madi.lu kënnt dir den Artikel noliesen:


Artikel am Lëtzebuerger Journal 

Groussen Artikel iwert d'Wöckele mat Stoff am Journal
Merci fir d'Interesse! Et huet mech immens gefreet dass ech d'Méiglechkeet kruut d'Stoffwëndelen bessi méi bekannt ze maachen.