Meng Servicer

Eenzelberodung

Bei enger Eenzelberodung erklären ech dir déi verschidde Materialien a Systemer. 
Zesumme kënne mir kucke wat fir dech am beschte passt a wat onbedéngt an oder op d'Wéckelkommoud gehéiert. Bei Interesse kënnen mer och d'Thema Wëndelfräi an d'Berodung afléisse loossen. Wann de Puppelchen op der Welt ass kann deen natierlech och gär matkommen :-)


Stoffwëndelcafé

De Stoffwëndelcafé ass een Treff fir interesséiert Elteren déi gär mat Stoff wëlle wéckelen. An gemittlecher Atmosphär kanns du dir d'Stoffwëndelen ukucken. Fir Puppelcher gëtt et ee klenge Spilleck an du kanns dech mat anere Mammen austauschen. Ween lo Gefalen un de Stoffwëndelen huet kann dann eng Eenzelberodung buchen.


Stoffwëndelwelt

D'Stoffwëndelwelt si Workshops fir Elteren déi scho mat Stoff wéckelen. An dësem Grupp kanns du dech mat anere Stoffwëndelelteren austauschen, Froen oder Problemer beim Wéckele kënne beschwat ginn a natierlech gëtt et och kleng Workshops wou mir z.B. zesumme kucke wei ee Snaps reparéiert, Woll Fett etc.



Berodungen fir Crèchen

An ärer Crèche sinn Elteren déi mat Stoff wéckelen an Dir kennt iech an deem Beräich net aus?
Gäre kommen ech eemol bei iech laanscht an erklären dem Personal déi verschidde Systemer an ob wat ee muss oppassen.
An der Berodung mat dra sinn ee klengen Handout fir d'Elteren an d'Educateuren.
(+0,30ct Kilometergeld ab 20km)

Stoffwëndelparty

Eng Stoffwëndelparty ass änlech wéi eng Tupperparty. Du organiséiers den Owend a luets deng Partygäscht an. Ech komme mat dem Berodungskoffer da bei dech heem, maachen eng Presentatioun an äntweren ob all Froen. 

Sur place kënnen dann och Eenzelberodunge, Miet- an Testpakete gebucht ginn.

Et gi Rabattcodes fir verschidden Onlineshops an ee klenge goodie bag fir d'hostess vun der Party.
(+0,30ct Kilometergeld ab 20km)

Berodung Monatshygiene

Ween A seet muss och B soen? Och bei der Monatshygiene fir Frae ginn et mëttlerweil eng Partie Nohalteg Alternativen. Weieng dat sinn a wat sech z.B. besonnesch fir d'Wochebett eegent kucke mir zesumme wärend enger Berodung. Dës Berodung kann Deel vun enger Stoffwëndelberodung oder Eenzel gemaach ginn.

Präisser

Wëndelfräi Kompaktcours

Ween een kompakten Kurs iwwer d'Thema Wëndelfräi wëll maachen, deem recommandéieren ech den Cours bei "Windelfrei Frankfurt". Hei gitt dir alles em Thema Wëndelfräi gewuer an dat vill méi am Detail wei een et an enger Berodung kéint maachen.