Stoffwëndellocatioun


Du kanns bei mir eng Locatioun vu Stoffwëndelen , "Newborn 1, 2, 3" oder "Baby 1, 2" buchen. 
De "Newborn" sin grouss Mietpakete fir Neigebuerener an de "Baby" si kleng Testpakete fir Puppelcher ab +- 3 Méint.
Mat enger Locatioun kanns du bequem an d'Welt vun de Stoffwëndelen eraschnupperen a mam Mietpaket "Newborn" z.B. d'Gréisst Newborn iwwersprangen an dech direkt no der Testphase mat der Gréisst Onesize andecken. 
Dës Gréisst passt deene meeschte Puppelcher ab 6-8 Wochen. 
Am Pak sinn déi verschidde Modeller vu Wëndelen, verschidde Materialien an Accessoiren dran. Sou fënns du einfach dee System (oder Systemer), dee fir dech an däi Kand am beschte passt. Och mat dobäi ass eng "Pflege- & Waschanleitung", d'Inventarlëscht a Rabattcodes fir verschidde Stoffwëndelshops. 
D'Stoffwëndelen si gebraucht awer an awandfräiem Zoustand. No all Locatioun ginn si gestrippt a sinn da prett fir déi next Famill.
Eng Locatioun bitt also dir an der Ëmwelt vill Virdeeler, si ass ökologesch an nohalteg well ee manner kafe muss. Och Feelkeef kanns de esou evitéieren an d'Locatioun ass och vill méi bëlleg wei wann's du d'Wëndelen all nei kafe gees. 
Wann's du lo interesséiert bass da schreif mir an ech schécken dir den Informatiounsdossier per e-mail.

 

Mietpaket Newborn 1, 2, 3

Am Pak Newborn fënns du Überhosen aus PUL, Schlupfhosen aus PUL, Höschenwindeln, AIO, Pockets, Strickbindewindeln, Prefolds, Mullwindeln, verschidde Booster, Fleecyliner an eng Partie Accessoirë vu verschiddene Marken.
               

Gewiicht 2,5kg bis 6kg

Bis Februar sin nach 1 Pak fräi

Testpaket Baby 1, 2

Am Testpaket Baby sinn Überhosen, Schlupfhosen, Höschenwindeln, AIO, Pockets, Prefolds, Booster, Trockenfleece, Fleecyliners/Windelvlies a verschidden Accessoiren.
Dëst Testpaket ass geduecht fir bëssi méi grouss Puppelcher, déi meescht Wëndele sinn Onesize.

Gewiicht 4,5 bis 11,5kg

Kee Pak fräi

Präisser